Kuckt hannert d’Kulisse vun der eenzeger Muschel-Opzuuchtstatioun zu Lëtzebuerg an entdeckt de regionale Baurebetrib Eilenbecker!
Mir lueden iech an op eng interessant Sortie op der Kalber Millen de Samschden, 3. Oktober. Op engem Dagestour entdecke mir den Ourdall mat sengem villfältege Landschaftsgebitt. An der Kaalber Millen kréie mir vun engem Mataarbechter vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur en exklusiven Abléck an d’Muschelopzuuchtstatioun, déi normalerweis net fir de Public op ass. Mëttes iesse mir zesummen an der Brasserie Cornelyshaff zu Heischent. Nomëttes entdecke mir de regionalen Ourdaller Baurebetrib.
Mellt iech bis den 20. September un, déi éischt si vir!
Sortie organiséiert vun de Sektiounen Mëllerdall & Kanton Gréiwemaacher. Detailler op der Récksäit.
- Programm
9h30 – 11h30 Visitt vun der Kaalber Millen a vun der Muschelopzuuchtstatioun
12h – 14h Mëttesiessen an der Brasserie Cornelysmillen
14h15 – 16h Visitt vum regionalen OurdallBauer Eilenbecker
- Bus-Navette
Mir offréieren eng gratis Bus-Navette (Voyages Schmit) mat Départ vu Consdorf aus.
Départ: 8h15 zu Consdorf, Parking bei der Sportshal (rue de la Mairie)
Retour: ca. 17h30 zu Consdorf, Parking bei der Sportshal
Vu Maacher a vu Rued aus kënnt dir iech eisem Covoiturage op Consdorf uschléissen, sot eis an deem Fall per Mail Bescheed w.e.g.
- Menu
Plat:
Bouchée à la Reine “Cornelyshaff” oder
Risotto de sarrasin aux légumes (V)
Dessert:
Tarte aux fruits de saison
Formule fir 35 Euro pro Persoun. Gedrénks an Zousazoptiounen net mat abegraff.
- Umeldung
Deadline fir d’Umeldung: 20. September 2026
Umeldung per Mail: ul.tlewmerutan@lladrellem.nuoitkes oder
ul.tlewmerutan@rehcaamewierg.nuoitkes
oder per Telefon: 621 135 040 (Carlo Poos, Sektioun Mëllerdall)
Gitt w.e.g. är Menupräferenz un an op dir mat der Navette wëllt fueren.
Iwwerweisung vun 45 Euro Kautioun (Iessen + Visitt) op folgende Kont:
IBAN LU17 0099 7800 0128 4942 (Sektioun Kanton Mëllerdall)
D’Navette kascht iech näischt. An der Kautioun sinn d’Fraise fir Iessen an d’Visitt abegraff.
Är Umeldung ass eréischt mam Iwwerweise vun der Kautioun garantéiert.


