Lade Veranstaltungen

En Owend iwwer d’Amphibien zu Lëtzebuerg

Freideg, den 19. Februar 2027 | 17h00–18h30

Centre SNJ Mariendall – Rue de Keispelt, L-7411 Marienthal

Vu Februar u wanderen Amphibie wéi Fräschen, Molchen a Mouke vum Bësch bei d’Waasser. Dobäi musse si dacks iwwer d’Strooss – eng grouss Gefor fir déi kleng Déiercher.

Grouss a Kleng sinn invitéiert, sech op dësem Owend iwwer d’Amphibiewanderung ze informéieren a bei enger uschléissender Visitt selwer mat unzepaken, fir den Déieren sécher iwwer d’Strooss ze hëllefen.

Um Schluss vum Owend gëtt et e klenge Maufel.

Programm

17h00–18h00 | Kuerz Presentatiounen

  • Amphibien zu Lëtzebuerg (ANF)
  • Sech benevoll fir d’Amphibien engagéieren (natur&ëmwelt)
  • Aktiv ginn am Äischdall (SNJ Natur Erliewen)

18h00–18h30 | Visitt dobaussen

Moukentaxi am Mariendall: Mir ginn zesumme raus a kucken eis un, wéi d’Amphibiewanderung ofleeft a wéi mir d’Amphibie sécher iwwer d’Strooss brénge kënnen.

Umeldung an Informatiounen

Umeldung: https://www.snj.public.lu/moukentaxi/

Weider Informatiounen: ul.jns@slefnelloh

Nach oben