En Owend iwwer d’Amphibien zu Lëtzebuerg
Freideg, den 19. Februar 2027 | 17h00–18h30
Centre SNJ Mariendall – Rue de Keispelt, L-7411 Marienthal
Vu Februar u wanderen Amphibie wéi Fräschen, Molchen a Mouke vum Bësch bei d’Waasser. Dobäi musse si dacks iwwer d’Strooss – eng grouss Gefor fir déi kleng Déiercher.
Grouss a Kleng sinn invitéiert, sech op dësem Owend iwwer d’Amphibiewanderung ze informéieren a bei enger uschléissender Visitt selwer mat unzepaken, fir den Déieren sécher iwwer d’Strooss ze hëllefen.
Um Schluss vum Owend gëtt et e klenge Maufel.
Programm
17h00–18h00 | Kuerz Presentatiounen
- Amphibien zu Lëtzebuerg (ANF)
- Sech benevoll fir d’Amphibien engagéieren (natur&ëmwelt)
- Aktiv ginn am Äischdall (SNJ Natur Erliewen)
18h00–18h30 | Visitt dobaussen
Moukentaxi am Mariendall: Mir ginn zesumme raus a kucken eis un, wéi d’Amphibiewanderung ofleeft a wéi mir d’Amphibie sécher iwwer d’Strooss brénge kënnen.
Umeldung an Informatiounen
Umeldung: https://www.snj.public.lu/moukentaxi/
Weider Informatiounen: ul.jns@slefnelloh


