Kommt mat op eng spannend Sortie zu Remerschen Samschdes, den 11. Oktober, organiséiert vun natur&ëmwelt Kanton Gréiwemaacher an natur&ëmwelt Sektioun Mëllerdall.
Bei dësem Dagestour entdecke mir de Naturschutzzentrum Biodiversum an d’Naturschutzgebitt Haff Réimech mam Rainer Schubert, Responsable vun der Gestioun vum Haff Réimech a Member vun der Maacher Sektioun.
🍽 Mëttes iessen mir zesumme gemittlech am Restaurant « Le Chalet ».
🚌 Gratis Navette vu Consdorf a vu Gréiwemaacher.
Umeldung bis den 1. Oktober – déi éischt si vir!
⏰ Départ :
- 8h00: Consdorf, Parking bei der Sportshal (rue de la Mairie)
- 8h40: Gréiwemaacher, Parking beim Quai Marie-Astrid
- 9h30: Start vun der Visitt zu Remerschen
⏰ Retour :
- 16h00: Schluss vun der Visitt zu Remerschen
- 16h40: Gréiwemaacher, Parking Quai Marie-Astrid
- 17h20: Consdorf, Parking bei der Sportshal
🚗 Dir kënnt och mat ären eegene Moyenen ureesen. Départ vun der Visitt am Biodiversum ass um 9h30.
📅 Deadline fir d’Umeldung: 1. Oktober 2025
✉️ Per Mail: ul.tlewmerutan@lladrellem.nuoitkes oder ul.tlewmerutan@rehcaamewierg.nuoitkes
📞 Per Telefon: 79 02 86 (Carlo Poos, Sektioun Mëllerdall)
Gitt w.e.g. är Mailadress un, fir datt mir iech kënnen d’Confirmatioun an d’Detailler zoukomme loossen.
💶 Kautioun: 20 € iwwerweisen op:
IBAN: LU12 1111 0306 8331 0000 (Sektioun Kanton Gréiwemaacher)
D’Kautioun gëtt mam Iesse sur place verrechent.
D’Visitt kascht iech näischt, just d’Fraise fir Iessen a Gedrénks iwwerhëllt jidderee selwer.
ℹ️ Är Umeldung ass eréischt mam Iwwerweise vun der Kautioun garantéiert.