Dir hutt gewielt: Den Dommendéck ass de Vull vum Jer 2027!

E grousse Merci u jiddereen, deen un der Ofstëmmung deelgeholl huet.

Dëse klenge Vull mat sengem giel-orange Kappstréch wäert den nächsten Autocollant vum Vull vum Joer 2027 zieren an esou an de Mëttelpunkt gestallt ginn. Wat e brauch, si gesond gemëschte Bëscher. Dofir wäert natur&ëmwelt sech am nächste Joer besonnesch asetzen.